Grënnung vun den Old School Farmers

Trakter Power aus den 60er, 70er, 80er an 90er Joren

Den 7. Januar 2012 ass d'Old School Farmers A.S.B.L vun enger Grupp leidenschaftlecher Begeeschterter vun landwirtschaftlecher Technik gegrënnt ginn. Den Veräin sech als Ziel geholl bestëmmten Momenter an der landwirtschaftlecher Geschicht festzehalen. Landwirtschaftlech Trakteren an Maschinnen aus den Baujoren 1965 - 1995 sollten erhal, ausgestallt an virgefouert ginn.

 

 

Als Initiator an President, setzt sech den Gilles Heinen dofir an, dass den September 2012 dat éischt Schlütertreffen zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Den 29. an 30. September 2012 zu Hoevelange steet ganz ënnert dem Motto "Old School Farming". Op ronn 12 ha organiséiert den Club d'Virféierung vun Schlütertrakteren mat ënnerschiddlechen landwirtschaftlechen Maschinnen. Vun der Maisernte bis hin zu der Buedembeaarbechtung war alles dobäi. Ronn 800 Spectateuren hunn sech mat un der aler Technik erfreet.

 

Wéinst dem Erfolleg vum Treffen an well et soss keen Veräin zu Lëtzebuerg gouf deen sech op d'Thema "Youngtimer" am landwirtschaftlechen an industriellen Beräich bezunn huet, hunn d'Grënner dësen Club an d'Liewen geruff.

Kontakt

Hirtzhaff

L-9045 Feulen

MAIL: oldschoolfarmers@gmail.com